Select Page

Pavillon am brill

Wëllkomm

De „Pavillon am Brill“ begréisst Iech häerzlech um Internet.

Laang ass driwwer diskutéiert ginn, 2016 ass et dunn Realitéit ginn: De „Pavillon am Brill“ ass ageweit ginn a Mamer hat eng Attraktioun méi. Ufanks huet den direkten Noper, de CIPA, d’Geschécker vum Pavillon geleet. Elo huet hei en aneren d’Soen, een, deen aus der klenger Mamer Welt net ewech ze denken ass: de Claude Lang.

10 Joer huet de Claude de Béier an der “Klenger Gemeng” gezaapt. Muncher een huet gemengt, hie wier mat der Wiertschaft bestuet gewiescht. Dat sollt sech awer Ufank 2019 änneren: en neie Claude, de Freytags Claude ass Wiert ginn a säin Namensvetter huet de “Pavillon” iwwerholl. Wann dobaussen d’Sonn schéngt an d’Terrass struppevoll ass an d’Schlaang virun der Théik oder dem Glacëweenchen bis ëm den Eck geet, kënnt de Claude och hei an d’Schweessen.

Mais zefridde Gesiichter a fonkelnd Kanneraen sinn dat Wäert. Mëttlerweil ass de och de “Pavillon am Brill” eng Institutioun ginn an e Brill ouni Pavillon wier ondenkbar… ewéi wann en ëmmer do gewiescht wier…

Pavillon

Mir hunn eng flott Terrasse op vun Abrëll bis Oktober. Mir proposéieren eng kleng Restauratioun an e gudde Choix u Gedrénks, ewéi och eng Glacekaart. Mir bidden Dageszeitungen a gratis Wi-Fi. Hënn sinn erlaabt. Mir hunn ee Spilleck ewéi och eng Spillplaz. Wärend dem Joer gëtt et bei eis e puer flott Eventer.

Kommt ee Patt drénken!

All Daag op

1 Abrëll bis 31 October

Mëttwochs – Sonndes

1 November bis 31 Mäerz

Congé anuel

15 Dezember bis 15 Januar

Auerzäiten

14.00h – 23.00h

KOntakt

Telefon

+(352) 691 658 425

EMail

cllang@pt.lu

Adress

Pavillon am Brill
L-8250 Mamer
Luxembourg